Rendez-Vous am Gaart vu Canopée
FreizeitSamsdeg, 12.09.2026 - 11:00 - 20:30 Auer - Gratis Entrée zum Festival
Et as eis eng grouss Fréed, Iech op eise Festival den Rendez-vous am Gaart vu Canopée, den Samsden 12. September anzelueden: https://canopee-asbl.com/rdv-ll-2026/
Et as wei all Joers den Héichpunkt vun eisem Programm Arts et Potager, an dest Joer sin mir immens frou, eng Partnerschaft ze initéieren, dei eis all een neien Wee weist, fir besser mateneen ze kommunizéieren : Fir de klengen Honger an Duuscht ze stellen, kennen d'Leit hier Commande an der Gebärdensprooch maachen ! Den Jan an d'Sylvie sin schweierhöreg an sin ganz motivéiert, eis ze hellefen, des Breck mat eisen Visitéuren ze bauen. En speziellen Merci geet un sie an un den Service Hörberatung, deen eis gehollef huet, den Kontakt hierzestellen an dei verschidden Meiglechkeeten an Besoin'en festzestellen, fir en Mateneen schaffen an liewen meiglech ze maachen.
Heibäi fannt Dir den ganzen Programm, et as fir jidfereen eng flott Aktivitéit ronderem Konscht an Natur dobäi. Zesummen mat 30 Kënschtler an Intervenant'en lancéieren mir desen speziellen Daag. Weider 20 Puer Hänn, Feiss an Käpp mat gudder Laun hellefen eis dei ganz Infrastruktur am Viirfeld opzebauen, an sin während deem Daag am Asaaz !
Et giff eis immens fréën wann dir laanscht an de Pafendall kucken kommt.
Quelle: Canopée
Reservierung über den Veranstalter!